ERWUESSENER: 15,00 €
KANNER: 8,00 €
AB 5 JOER
OP LËTZEBUERGESCH
45 '
ZongenZodi ass en Erzielstéck voller Freed un der Sprooch an um Spill mat Buschtawen a Wierder. Et erzielt eng beréierend Geschicht, déi zum Nodenke bréngt, ma och d’Laachmuskelen net vergësst.
Den Här Pierre schafft am Wierderbüro. All Dag um Punkt Aacht Auer liest hien duerch säi Radiosmikro d’Wuert vum Dag vir. Hien erkläert genee wat all Wuert heescht a wéi eng Sätz een domat ka maachen.
Jidderee lauschtert dem Här Pierre seng Radiossendung, fir ze léieren, uerdentlech ze schwätzen. Et gi keng Dommheete mat deene Wierder gemaach! Et gëtt och net getuddelt an einfach esou drop lass gebraddelt! Alles huet seng Uerdnung: Véiereckeg – praktesch – gutt! Ma enges Daags daucht d’Zoé am Här Pierre sengem uerdentleche Liewen op… an op eemol geréit alles duercherneen!
Vun a mam Luisa Bevilacqua, Betsy Dentzer Bünebild a Kostümer Peggy Wurth Luuchtekreatioun Domenic Koehler (Escher Theater) Externe Bléck Ela Baumann, Jean Bermes, Claire Parsons Koproduktioun Escher Theater, Erzielkonscht a.s.b.l.
Kopräsentatioun mat der Kulturkommissioun vun der Gemeng Mamer.