© Bohumil Kostohryz
Jeune Public
06.06.2024
- 07.06.2024
09:00 & 10:45

8,00 €
GRATUITÉIT FIR ENSEIGNANTEN

AB 6 JOER

OP LËTZEBUERGESCH

60 '

D’Julie an den Aprikosejong (LU)
Cosimo Suglia / Daliah Kentges

Ausgoend vu senger Kuerzgeschicht The Little Girl That Knew Better, entwéckelt de Cosimo Suglia, deen 2021 mam „Chrysalis Award“, e Präis fir Nowuessschrëftsteller, ausgezeechent gouf, zesumme mam Daliah Kentges en Theaterstéck fir Kanner ab 6 Joer.

D’Julie ass e klengt Meedche mat enger grousser Leidenschaft fir eng ganz bestëmmte Fruucht: séiss, säftteg a samteg Aprikosen. Am Bësch, net wäit ewech vu sengem Doheem, sou heescht et, steet e ganz besonneschen Aprikosebam, dee gréisste vu senger Zort, mat deene beschten a schéinste Friichten, déi jee ee Mënsch gesinn huet. Säi Papp awer huet dem Julie strengstens verbueden, an dëse Bësch ze goen, well, sou erzielen sech d’Duerfbewunner säit Joerhonnerten, der Doud do lauert. Mee well d’Julie gewinnt ass, dat ze kréien, wat et wëll, a well seng onmoosseg Gloscht him keen anere Choix léisst, schläicht hat sech enges Nuets heemlech eraus, fir dës eenzegaarteg Këstlechkeet ze schmaachen. An tatsächlech, déif am Bësch verstoppt, fënnt d’Julie e risege Bam, mat Aprikosen sou grouss wéi Melounen. Hat hat also, sou seet et sech, wéi ëmmer Recht. An et huet dëse Gedanken nach net richteg zu Enn geduecht, wéi et op eemol am Gebësch raschelt an e wonnerbaart klengt Wiesen ervir kënnt, dat dem Julie seng Virstellungskraaft bei wäitem iwwertrëfft …


jeudi 06.06.2024 09:00
jeudi 06.06.2024 | 09:00
jeudi 06.06.2024 10:45
jeudi 06.06.2024 | 10:45
vendredi 07.06.2024 09:00
vendredi 07.06.2024 | 09:00
vendredi 07.06.2024 10:45
vendredi 07.06.2024 | 10:45

Text Cosimo Suglia Regie Daliah Kentges Spill Mady Durrer, Luc Lamesch, Magaly Teixeira Assistenz Laetitia Lang Bünebild a Kostümer Anouk Schiltz Luuchten Antoine Colla Musek Arthur Possing Koproduktioun Théâtre du Centaure, Kinneksbond, Centre Culturel Mamer, Kulturhaus Niederanven

Dës Produktioun gëtt mat der Ënnerstëtzung vun der Kulturkommissioun vun der Gemeng Mamer opgefouert.