Lecture scénique
mercredi 15.06.2022 19:30

Op Lëtzebuergesch

Fräien Entrée mat prealabeler Reservatioun.

T. (+352) 26 39 5 — 160

info@kinneksbond.lu

90 '

Entrée libre
D'CNLiesrees: „Wie liest hei?“
Tomas Bjørnstad & Guy Rewenig

Vum Vum 25. Abrëll bis de 30. Juni geet de CNL a Kooperatioun mat der Federatioun vun de Lëtzebuerger Bicherediteuren op eng „Liesrees“ duerch d’Land. 

Säit dem 12. Mee wësse mer, dass hannert dem norwegeschen Heteronym Tomas Bjørnstad de Lëtzebuerger Auteur Nico Helminger steet. De 15. Juni kënnt hien op Mamer a begéint do dem Guy Rewenig, deen d’Spill mat den alldeeglechen Absurdéite selwer gären op d’Persoun vum Auteur riicht. Zesumme beliichten si mat de subtille Mëttele vun der Literatur aktuell politesch a gesellschaftlech Tendenzen an entlarve „Wäerter“, déi oft an den Irrwitz féieren.

Dobäi geet et am Spill mat multipellen Identitéiten, falsche Fäerten a méideitegen Aussoën ëmmer ëm dat Wesentlecht.

Den Tomas Bjørnstad an de Guy Rewenig liesen aus a schwätzen iwwer Von der schönen Erde an Den Herkull Heng béit mam klenge Fanger e Lutepotto an der Strooss viru sengem Haus a kritt décke Sträit mam Elektricitéitswierk.

Moderatioun: Tim Reuter

Weider Informatiounen iwwert „d'Liesrees“ fannt dir um Internetsite vum Centre national de littérature: www.cnl.public.lu

mercredi 15.06.2022 19:30
mercredi 15.06.2022 | 19:30