© Lynn Theisen
Musique
jeudi & samedi 14.12.2023
& 16.12.2023
19:30 & 18:00

22,50 € / 8,00 €

60 '

Dat elei an dat elo: 200 Joer Dicks [Ausverkaf]
D'Cojellico's Jangen

Fir den 200. Gebuertsdag vum Hexemeeschter Edmond “Dicks” de la Fontaine hunn d’Jangen eng Rei vu sengen “Éiweggrénger” fir hire Gesangsstil arrangéiere gelooss. Nieft däers elei an däers elo bréngen d’Jangen awer och eng Auswiel vun anere bekannte Lëtzebuerger Klassiker op d’Bün!

Mat de Cojellico’s Jangen entsteet am Joer 2011 am Stued Theater zu Gréiwemaacher en neit Format, fir bekannten a manner bekannte Lëtzebuerger Lidder aus der éischter Hallschent vum 20. Joerhonnert ze presentéieren – dëst am Sound an am Look vun de legendäre Comedian Harmonists. Säitdeem hunn d‘Jangen – benannt nom Jempy Welter sengem Lidd Cojellico’s Jang – ronn 120 Concerte gesongen a véier Alben erausbruecht.

All Concert, all Album, all Joer huet seng Geschichten hannerlooss. D’Joer 2023 markéiert d’Jangen awer op eng besonnesch batter Manéier: no laanger Krankheet, verléieren si Ufank Mäerz hire Bassist an Arrangeur Jean-Marie. D’Welt ass elo eng aner. Déi gemeinsam gesonge Lidder sinn a bleiwe Schmierz an Trouscht zugläich. Esou kritt och den Titel vum neien Album fir dem Dicks säin 200. Gebuertsdag, “Dat elei an dat elo”, eng nei Bedeitung: et gi Situatiounen am Liewen, an deene mer eis net entscheede kënnen oder sollen. Trauer a Freed, Leed a Gléck dierfen nieftenaner existéieren. An dat maachen se och. Am Numm vum groussen Hexemeeschter, vum Gréit, vum Salomon, vum Gottlieb Hurra a vum Liss.

jeudi 14.12.2023 19:30
jeudi 14.12.2023 | 19:30
samedi 16.12.2023 18:00
samedi 16.12.2023 | 18:00

1. Tenor Raymond Majerus 2. Tenor Arend Herold 3. Tenor Georges Urwald 1. Bass Carlo Migy 2. Bass Paul Lallemand Piano Christophe Nanquette Gaaschtsänger Yvon Streff alias Rhäifränsch-Yvon Arrangementer Ivan Boumans, Valérie Knabe, Jean-Marie Kieffer, Claude Kraus, Jean-Paul Majerus, Georges Urwald