15,00 € / 7,50 €
Ab 5 Joer
Op Lëtzebuergesch
50 ’
En Erzielconcert aus dem Balkan, mam Betsy Dentzer a Jazz Musek, déi vun der bulgarescher Liddertraditioun inspiréiert ass.
Op der Flucht virun ondankbaren a béisartege Mënschen décidéieren en Ochs, en Hunn, en Iesel en Hond an en Hues fir zesummen ze wunnen...
Véier bulgaresch Mäerecher iwwer Déieren, déi mol witzeg, mol schlau, mol liddereg, mol geféierlech… oder och einfach nëmmen domm sinn. Dat Ganzt gëtt mat enger Grëtz Aishinka zervéiert: en hybride Projet tëschend Jazz, Klassik, urbaner an traditioneller Musek, déi hiren Ursprong an der bulgarescher Kultur huet.
Iddi, Konzeptioun, Adaptatioun vum Text a Regie Dan Tanson Erzielung a Spill Betsy Dentzer Musek Ensemble Aishinka Piano an Arrangementer Louise Andri Gesang Emmanuelle Duvillard, Julie Rens, Claire Parsons Sopran-Saxofon Tom Bourgeois Kontrabass Fil Caporali Drums Daniel Jonkers Illustratiounen Lis Eich Kostümer Alexandra Lichtenberger Produktioun Philharmonie Luxembourg
Dëse Spektakel gëtt an Zesummenaarbecht mat der Kulturkommissioun vun der Gemeng Mamer presentéiert.