© Éditions Guy Binsfeld
Lecture scénique
mercredi & jeudi 16.12.2020
& 17.12.2020
20:00

20,00 € / 8,00 €

Ab 12 Joer

Op Lëtzebuergesch

Äddi Jay, du waars net keen! [OFGESOT]
Jay schiltz / Claude Mangen

Op Grond vun de sanitäre Mesuren, déi de 15. Dezember a Kraaft getruede sinn, gesi mir eis leider gezwongen déi geplangte Virstellunge vun Äddi Jay, du waars net keen! de 16. a 17. Dezember 2020 ofzesoen. 

Mam Jay Schiltz huet déi Lëtzebuerger Kultur- a Mediewelt ee vu sengen Acteure vill ze fréi verluer. Mir erënneren eis u säi Wierk a säin Humor, säi Laachen, seng Begeeschterung, seng Rou, seng Stëmm, seng Häerzlechkeet, seng Mënschlechkeet a seng Perséinlechkeet.

De Jay huet ni gezéckt fir sech „zu Wuert“ ze mellen, net als Journalist an net als Auteur! Hien ass kengem eng schëlleg bliwwen an huet ausgedeelt, sief et mat geschwate Commentairen um Radio oder gespillten Texter op der Bün. Ma hie konnt och astiechen a sech selwer op d’Schëpp huelen.

Seng Stäerkt war net eleng déi spatz Fieder, ma och seng Stëmm mat deem speziellen Timber. De Jay konnt schaarf Kritik mat Rou a Nodrock op de Punkt bréngen. Journalismus a Schreiwen si parallel gelaf. Als Theaterauteur a Kabarettist huet hie Lëtzebuergesch geschriwwen, an als Erzieler Däitsch.

Am Mëttelpunkt vum Owend stinn dem Jay Schiltz seng Texter a seng Sprooch: Radios-Commentairen, Kulturbäiträg aus der „Tageblatt“-Bäilag „Kulturissimo“, säin Aschengänger: Erzählung einer langen Reise, Auszich aus Theaterstécker a politesch Cabaret-Texter.

mercredi 16.12.2020 20:00
mercredi 16.12.2020 | 20:00
jeudi 17.12.2020 20:00
jeudi 17.12.2020 | 20:00

Mat Texter vum Jay Schiltz Textcollage a Regie Claude Mangen Mam Roland Gelhausen, Marie-Jeanne Jacobs, Christiane Kremer, Clod Thommes Musek Christophe Reitz Produktioun Kinneksbond, Centre Culturel Mamer

Mat der Ënnerstëtzung vun der Kulturkommissioun vun der Gemeng Mamer.