© Patrick Galbats
Junges Publikum
19.06.2025
- 21.06.2025
09:00 & 10:30 & 15:00

15,00 € / 8,00 €

AB 4 JOER

OP LËTZEBUERGESCH

50 '

D'Prinzessin op der Ierbes
Traffik Theater Lëtzebuerg

Et muss awer eng richteg Prinzessin sinn!

Et war eemol e Prënz, deen onbedéngt eng Prinzessin wollt bestueden.
Et huet awer eng richteg misse sinn.
De Prënz ass duerch d’ganz Welt gereest, fir eng ze fannen.
Mee ëmmer war eppes verkéiert…

D’Kënschtler·innen vum Traffik Theater erziele mat Zeechnungen, Objeten a Live-Musek eent vun de bekanntste Märercher vum Hans Christian Andersen, a froen sech awer och, ob wierklech nëmmen eng richteg Prinzessin et fäerdeg bréngt, duerch 20 Plommepillemen a Matrassen eng kleng Ierbes ze spieren.

Wat wier, wann e Prënz den Ierbessentest misst maachen? Oder Jenny a Menni? A firwat muss engem Prënz seng Fra sou sensibel sinn? Wat wier, wann se just zëmperlech a kriddeleg wier? Wat géif geschéien, wann se nom Ierbessentest keng Loscht hätt, de Prënz ze bestueden? Et kann een sech vill Froe stellen, wann een hautzedaags dem Andersen säi Märche liest, an dat maachen den Dan Tanson, de Michel Boulanger an d’Eleonora Savini mat vill Humor.

Samstag 21.06.2025 15:00
Samstag 21.06.2025 | 15:00
Donnerstag 19.06.2025 09:00
Donnerstag 19.06.2025 | 09:00
Donnerstag 19.06.2025 10:30
Donnerstag 19.06.2025 | 10:30
Freitag 20.06.2025 09:00
Freitag 20.06.2025 | 09:00
Freitag 20.06.2025 10:30
Freitag 20.06.2025 | 10:30

Fräi nom Hans Christian Andersen Stéckentwécklung Michel Boulanger, Eleonora Savini, Dan Tanson Spill Michel Boulanger (Cello a Piano), Eleonora Savini (Gei, Piano a Gesang), Dan Tanson (Zeechnungen an Erzielung) Museksdramaturgie a Kompositioun Michel Boulanger Kompositiounsassistenz a Produktioun vum Soundtrack Eleonora Savini Objetsdesign, Illustratiounen an Animatiounen Dan Tanson Beweegungscoach Adèle Bourret Kostümer Anne-Marie Herckes Konstruktioun a Schräineraarbechten Escher Theater (Dirk Fuchs, Laurent Kohn) Technesch Assistenz an Objetskonstruktiounen Carine Ceglarski Luuchten an Technik Bert Marijsse Bléck vu Bausse Linda Bonvini Berodung Sandy Artuso Pedagogesch Begleedung Linda Bonvini, Anja Hoscheit, Lena Batal

Produktioun Escher Theater Koproduktioun Prabbeli Wiltz Ënnerstëtzung bei der Produktioun Emma van Overschelde – La Roseraie Espace Cré-Action, Chantier Mobile asbl, E411 vzw Remerciementer Francis Schmit, Christian Hanten, Carole Ensch, Atelier Winandy Woltz

Dës Produktioun gëtt an Zesummenaarbecht mat der Kulturkommissioun vun der Gemeng Mamer präsentéiert.