© Lynn Theisen
Musik
Freitag 07.10.2022 20:00

25,00 € / 10,00 €

90 '

Tickets
Lëtzebuerger Lidderflupp
Georges Urwald & Luxembourg Philharmonia

En Owend fir lëtzebuergesch Lidder an hirer Zäit kennenzeléieren zesummen ze sangen a mateneen ze feieren.

Fir dëse Concert voller Nostalgie hu sech zwee Monumenter aus der Lëtzebuerger Kulturzeen zesumme gedoen: de Museker Georges Urwald an den Orchester Luxembourg Philharmonia! A perfektem Aklang sangen a spille si sech duerch d’Lëtzebuerger Lidderkultur, a proposéieren iech esou e beandrockende Potpourri vu Spillmannslidder, „Éiweggrénger“ aus Koméidisstécker, bekannte kabarettistesche Lidder a Vinylschlager aus de 60er a 70er Joren. Instrumentalwierker vu verschiddene Lëtzebuerger Komponiste ronnen dëse flotte Programm of.

Freitag 07.10.2022 20:00
Freitag 07.10.2022 | 20:00

Gesang a Piano Georges Urwald Gesang Deborah Marinkovic Orchester Luxembourg Philharmonia Direktioun Martin Elmquist Arrangementer Tom Braquet, Jean-Marie Kieffer, Georges Sadeler, Georges Urwald